top of page

Bréifdréieschgewerkschaft

Vorstellung Mike Massimiliano

Mike.jpg

Mäin Numm ass Mike Massimiliano, ech sinn 48 Joer al an hunn den 1. Juni 1999 op der Post ugefaang mat schaffen. Ech sinn zanter 2006 Member vun der Bréifdréieschgewerkschaft.

Vun 2018 bis 2021 war ech Delegéierten am Centre de Tri zu Beetebuerg an 2022 gouf ech am Centre de Distribution zu Miersch zum Delegéierten gewielt. Am Mäerz vun dësem Joer sinn ech dunn um Kongress als Member an den Exekutivkomitee vun der BG gewielt ginn.

Ugefaangen hunn ech meng Carrière als Remplaçant an der Regioun Réiden/Atert, a remplacéiert hunn ech deemools virun allem op de Bureauen Walfer, Cap, Stroossen, Mamer, Stengefort a Rammerech.

Zu deem Zäitpunkt hunn ech haaptsächlech d‘Relaisen ersat, well dat mech am meeschten interesséiert huet. 2008 krut ech dunn meng éischt fest Tournée an der Stad, déi dorauser bestan huet moies de Courrier an engem Deel vu Bartreng ze verdeelen, a mëttes “d’Prises à domicile” bei d’Firmen sichen ze goen.

2010 hat ech mech dunn an de Centre de Tri op Beetebuerg gemellt, wou ech ënner anerem am Service TCE (Tri Colis Encombrant) geschafft hunn, iert ech mech 2021 du nees an eng Tournée gemellt hunn. Meng aktuell Tournée am Verdeelerzenter zu Miersch besteet aus den Uertschaften Angelsbierg, Schous, Meesebuerg, Noumer, Glaabech an nach e klengen Deel zu Miersch selwer.

Nieft menger Aarbecht als Bréifdréier hunn ech natierlech och verschidden Hobbyen. Ech gi gäre wanderen – am léifsten am Mëllerdall –, fuere Vëlo, reesen sou oft wéi méiglech op meng Lieblingsdestinatioun USA, awer och op aner Plazen, gi gären op Concerten, an de Kino oder an de Restaurant.

Ass et dobaussen eemol nët esou schéin, da bleiwen ech am léifsten doheem a lauschtere Musek. Am beschte gefale mir d‘Genren Rock, Hard Rock oder Heavy Metal. Bands wéi Iron Maiden, Metallica, Pink Floyd, AC/DC oder Joe Bonamassa si stänneg Begleeder a mengem Liewen. Fussballmatcher ze kucken – virun allem Premier League –  an d‘Formel 1 ze suivéiere stinn och reegelméisseg um Programm. Liese maachen ech och esou oft et geet, a Bicher vum Stephen King sinn do mäin absolutte Favorit.

Gewerkschaftlech engagéiert hunn ech mech aus dem ganz einfache Grond, well ech der Meenung sinn, dass grad elo, an dësen net einfachen a richtungsweisenden Zäiten et enorm wichteg ass, datt e gudden a produktiven Dialog tëschent Direktioun, Personal a Gewerkschaft, en absolutte Must ass.

De Beruff an Alldag vum Bréifdréier ännert am Moment a wäert och an Zukunft mat grousser Warscheinlechkeet  e Wandel erliewen. Fir mech ass et deemno enorm wichteg, dass mir ons am Fall vu Problemer, sief et um Bureau oder allgemeng, eis zesumme kënnen un en Dësch setzen a gemeinsam Léisunge sichen, sou dass all Partei duerno zefridden ass.

Nëmmen zefridden a motivéiert Personal bréngt dem Patron an eise Clienten schlussendlech eppes. Et wäerten nach eng ganz Rei Erausfuerderungen op ons alleguer duerkommen, an ech wëll mäin Deel dozou bäidroe fir der Gewerkschaft ze hëllefen alles beschtméiglech ze reegelen, fir datt mer am Beräich Courrier ënner beschten  Aarbechtskonditioune kënne schaffen an d’Aarbechtsplazen och an Zukunft garantéiert sinn.

bottom of page