© 2019 by BG

Bréifdréieschgewerkschaft

Nationalkongress vum 25. Mäerz 2017

Ried vum President

Raymond Juchem

 

Dir Dammen an Dir Hären, léif Memberen,

 

am  Numm vun der Bréifdréieschgewerkschaft sinn ech frou, fir iech haut de mëtteg hei zu Walfer op eisem Kongress begréissen ze kënnen.

Perséinlech begréisse wëll ech d’Direktesch vu Post Courrier, d’Madame Hjoerdis Stahl an eise Generaldirekter, den Här Claude Strasser, den Här Serge Allegrezza als President vum Verwaltungsrot, de President vun der CGFP Romain Wolff a gläichzäiteg de Generalsekretär vun der CGFP, de Steve Heiliger. Vu mir dann och e Merci fir Äer Präsenz op eisem Kongress.

Net ze vergiesse sinn d’Vertrieder vun der Press, well un déi si mir jo schliesslech ugewisen, wa mir eis Problemer net méi intern geléist kréien.

D’lescht Joer, wou ech hei um Podium stoung, do hat ech ugedeit, dass mir als Gewerkschaft eis Mëllech ginn hunn, an dofir an Zukunft bei verschiddenen Dossierën net méi esou séier Jo wäerte soen.

Dat war dann och de Fall, an dowéinst sinn ech der Meenung, dass den Dialog mat der Direktioun vu Post Courrier leider net méi deen ass, wéi et ugangs vu menger Amtsperiod nach de Fall war.

Ech hat och schonn d’lescht Joer gesot, dass ech mir als President vun der gréisster Postgewerkschaft net virschreiwe losse, wat ech ze soen hunn.

Dat dierf souwisou, wann een d’Reglementer iwwert den Dialog tëscht Gewerkschaft a Patronat noliest, ni de Fall sinn.

Ech hoffen a wënsche mir, dass déi onglécklech Situatioun, wéi se elo rezent bei Post Courrier virkomm ass, just en eemolegen Ausrutscher war.

Als Bréifdréieschgewerkschaft, an dat betrëfft am allgemengen awer all d’Gewerkschafte bei der Post, hu mir an dëser gréisster Lëtzebuerger Entreprise en eminent wichtege Rôle ze spillen.

Mir suergen u sech fir e gesond Gläichgewiicht, a mir sinn do fir de Patron drop hinzeweisen: bis dohinn a net wieder, well soss riskéiert et zu soziale Konflikter ze kommen, déi am Fong sollte verhënnert ginn.

Dat huet u sech bei eis op der Post bis dato dann och ganz gutt geklappt.

D’Gewerkschaften hu nun emol e Gespier, wat een de schaffende Leit kann zoumudden, an dofir sollt d’Relatioun tëscht Direktioun an Gewerkschaften beschtméiglech fonktionnéieren, wuelwëssend, dass d’Direktioun den Décideur ass, mee mir awer eng grouss Responsabilitéit hu fir eben de wichtege soziale Fridden am Betrieb ze erhalen.

Déi gewielte Gewerkschaftsvertrieder, an ech gi net midd dat ëmmer erëm ze soen, solle sech awer bewosst sinn, dass si de verlängerten Aarm vun hire Membere sinn.

E Gewerkschaftler ass numol kee Manager.

Ech géif de Kongress vun haut dann och, wéi iwwregens eis Sloganën et schon undeiten, ënnert de Motto „Bien-être au travail“ a „Qualité de service“ setzen.

Desweidere soll een dem Staat säi Rôle an deem Kontext net vergiessen.

De Staat als gréissten Aktionär huet an eisen Aen dowéinst nun emol eng gréisser Responsabilitéit, an och mir als Bréifdréieschgewerkschaft sinn der Meenung, dass de Bierger e beschtméiglech fonktionnéierende Service mat enger maximaler Qualitéit ugebuede muss kréien.

Dat muss och d’Maxime sinn, no däer d’Post an Zukunft an deem liberaliséierte Marché, an deem mir ons jo schon zënter Joere befannen, fonktionnéiere soll.

Dës Qualité de service an de bien-être au travail vum Personal sinn de roude Fuedem op eisem Kongress vun haut.

D’Qualité de service a Relatioun mam bien-être au travail, dat ass dacks verbonn mat Investitiounen, mee dat si Suen, déi secher gutt investéiert sinn, an et ass deemno eng Investitioun an d’Zukunft.

Wéi seet de Richard Branson, dee jo secher ville Leit e Begrëff ass: „Clients do not comme first ... employees come first ... if you take care of your employees, they will take care of the clients.“

Woumat alles gesot ass.

Mir als Gewerkschaft sinn dermat konfrontéiert, dass eis Membere sech ëmmer erëm bei eis beschwéieren, well si duerch di bestehend Personalpolitik an esou munnech Stresssituatioun geroden an Iwwerstonne musse maachen.

Dat betrëfft an eisem Fall d’Bréifdréier, an awer och d’Porteuren am Zeitungsreseau.

Mir als Bréifdréieschgewerkschaft sinn dann och kategoresch dergéint, dass d’Unzuel vun den Iwwerstonnen an dësen zwee Reseauën nach wieder an d’Luucht ginn.

Au contraire, an eisen Aen, an eiser Meenung no och vu Patronatssäit aus, muss d’Ziel sinn fir dës Iwwerstonnen ze reduzéieren, dat awer ouni d’Aarbechtskonditiounen ze verschlechteren.

Esou wéi d’Situatioun elo momentan um Terrain ass, ginn hei zwee Reseauën um Lafe gehal, an dat duerch eng Organisatioun, wou ganz vill Iwwerstonne prestéiert ginn.

Hei stellt sech d’Fro vun der Legalitéit, wann een als Patron dës Iwwerstonnen bewosst a Kaf hëllt.

De Statut vum Fonctionnaire ass do ganz kloer, well dee seet, dass just Iwwerstonnen an Ausnahmefäll dierfe gemaach ginn, an dës Iwwerstonnen och beim Minister mussen ugefrot ginn.

Mir hunn eis Bedenken, ob bei Post Courrier an dësem Kontext alles korrekt duerchgefouert g¨eett, well dëles korrekt duerchgefouert ger an dinn.

e seet, dass just Iwwerstonnen an Ausnahmefäll dierfe gemaach ginn, an d Sëtt, well dës Situatioun, wéi se um Terrain applizéiert gëtt, eiser Meenung no eben net als cas exceptionnel kann duergestallt ginn.

Zevill Iwwerstonnen hu souwisou och eppes mat der Qualitéit an och mam bien-être ze dinn.

Am Zeitungsreseau si mir u Conditioune gebonnen, an de Client an den Editeur hätten nun emol gäer, dass d’Zeitung mueres, ir een op d’Aarbecht geet oder um Kaffisdësch sëtzt, an der Boîte soll leien.

Eng Zeitung huet e Verfallsdatum, a mat den Onlinemedien a mat all deem, wat mëttlerweil iwwer Smartphonen verbreet gëtt, ass eng Dageszeitung ab engem gewëssen Zäitpunkt, ofgesinn emol vun den Annoncen, fir vill Leit scho net méi intressant.

Bei de Bréifdréier ass dat dann och esou, dass de Client onzefridden ass, wann hie säi Courrier eréischt am spéide Nomëtteg kritt.

D’Firmaën musse mueres schaffen, an d’Leit si gewinnt, dass si hir Post am Laf vum Muere kréien.

Engersäits steet néirens geschriwwen, dass d’Post verflicht ass, dem Client de Courrier mueres ze bréngen, mee op der anerer Säit ass dat awer och e Qualitéitscritère, deen d’Post d’office sollt respektéieren.

Entgéint de villen däischtere Prognosen muss een drop hiweisen, dass nach ëmmer vill Courrier op d’Bréifboîte verdeelt gëtt.

An dee Kontext passen déi rezent Diskussiounen iwwert déi nei Tarificatioun am Secteur vu Post Finance.

Mir sinn ons bewosst, dass dëse Secteur op der Post déck defizitär ass, an dass een och wéint de niddregen Zënsen an dësem Secteur nach wäit dervun ewech ass, an et och sécher schwéier wäert ginn, fir an Zukunft käschtendeckend oder profitabel ze schaffen.

Di ganz Strategie bréngt awer vill Problemer an Onkäschte fir Leit, déi schon um Existenzminimum liewen, dat soll ee net vergiessen!

Mir als Post si verpflicht, all Client e Bankkont opzemaachen.

Rout Zuelen an engem Betrieb sinn ëmmer eng Gefor fir de Personalbestand an d’Aarbechtskonditiounen.

Wéint dëse Grënn gesi mir dës Diskussiounen och deelweis aus engem anere Bléckwénkel wéi esou muencher een an de leschte Wochen.

Mir als Gewerkschaft kritiséiere virun allem awer, dass den Extrait op der Post och elo payant gëtt.

Dës Mesure féiert secher derzou, dass de Courrier wäert zréck goen an aner Institutioune wäerte nozéien resp. nach méi restriktiv Léisungen fir de Client a punkto Extraitën ubidden.

Als Post Courrier beschwéiere mir ons awer zanter Joeren, dass de Courrier réckleefeg ass.

Mir setzen dann elo mat dëser onglécklecher Mesure e Modell en place, fir dass de Réckgang vum Courrier bei der Post wahrscheinlech nach méi séier wäert goen.

Dës Mesure ass an eisen Aen demno fir de Beräich Post kontraproduktiv a schaaft an Zukunft Problemer, déi eventuell e negativen Impakt fir d’Bréifdréier wäerten hunn.

Ech kommen dann awer op d’Problematik vun den Iwwerstonnen a Relatioun mat enger zweeter Tournee am Nomëtten bei de Bréifdréier zréck.

Bei dëser onzefriddestellender Situatioun kënnt dacks de Problem derbäi, dass eis Leit an dës 2. Tournee geschéckt ginn, ouni jemols och nëmmen een Dag an dësem Quartier gewiescht ze sinn, oder op dem Casier, wou d’Tournee klasséiert gett, geschafft ze hunn.

Dat ass da net evident.

Et ass esouguer komplette Blödsinn, an et muss ee sech froen, op Leit, déi esou eppes decidéieren, iwwerhaapt eng Ahnung vun eisem Beruff hunn.

Esou eng Aarbechts-Art a Weis féiert nämlech indirekt derzou, dass de Management bewosst eis héich geluewte Qualitéit, déi mir als Bréifdréier all Dag solle bréngen, ouni weideres op d’Spill setzt.

D’Konsequenze si nämlech méi Reklamatioune vun de Clientën.

Déi Cheffen, déi dat elo scho joerelaang decidéieren, ënnerschätzen di Situatioun komplett.

Si sollten dat emol virmaachen an am Zäitdrock vun de maximal 10 Stonnen, mat eventuell enger duebeler Tournee, an da nach bei deem dacks schlechte Wieder, déi schwéier Aarbecht maachen!

Dann hätte se vläicht eng aner Approche.

Eis Exekutiv diskutéiert elo scho joerelaang mat der Direktioun iwwer dës Problematik, ouni awer nëmmen een Zantimeter weider komm ze sinn.

Bis haut huet nach kee vum Management, wat de néidegen Apprentissage vun enger duebeler Tournee ugeet, awer och nëmmen eng eenzeg produktiv Iddi op den Dësch bruecht.

Dat Ganzt ka just iwwer eng besser Organisatioun vun den Ersatzbréifdréier geregelt ginn, wuelwëssend, dass dat awer vläicht bedeit, dass ee Personal muss astellen.

An deem Kontext soll a muss een och op d’Chomagezuelen hei zu Lëtzebuerg hiweisen, resp. nach eng Kéier Rekrutementer iwwert den Häerebierg undenken, wou mir iwwregens nach op eng Stellungnahm vum Minister waarden.

Alles dat huet eben och mat der Qualitéit an dem bien-être au travail ze dinn.

Et ass keng einfach Situatioun, wanns de als Bréifdréier esou muss schaffen!

Vill Bréifdréier ginn an der momentaner Situatioun mueres bei eis op d’Aarbecht mam Gefill: muss du haut erëm Iwwerstonne maachen.

Dat ass schon eng Zort Permanence, an do kënnt dir iech virstellen, wei eis nächst Gedankengäng sin.

Et ass net evident, wanns de mueres em 4.30 Auer opstees, an dann an eng 2. Tournee gees, fir duerno um 16.00 Auer heem ze fueren.

Dat Ganzt bei dene net agreable Wiederkonditiounen a mat deenen Tonne vu Pobeier an etleche Kilometeren, déi’s du an dësem schwéiere Beruff Dag fir Dag muss verschaffen.

D’Bréifdréier hu nieft der Post och nach e Liewen a si hunn d’Recht dernieft och kënnen hir Zäit plangen.

Egal op dat familiär, sportlech, politesch, sozial oder soss Aktivitéiten sinn, et gëtt e Privatliewen, an do huet d’Post eis nun emol näischt virzeschreiwen, an dat Privatliewen dann och ze respektéieren.

Och wann esou munnecher dat einfach net wëll agesinn.

Et ass natierlech einfach ze soen, déi hunn et gutt, wann ee net all Dag dës relativ ustrengend kierperlech schwéier Aarbecht mécht.

Wann een e Bléck iwwert d’Grenze gehäit, dann ass d’Situatioun bei der Post iwwerall di selwecht.

Ech hunn elo rezent Berichter vu Leit geschéckt kritt, an hunn och selwer Emissiounen an deem Kontext op der Tëlee gesinn.

D’Bréifdréier resp. d’Colischaufferen ginn Postpersonal get op Grond vun dem liberaliséierte Marché an den domat verbonnene schwierege finanzielle Konditiounen ausgepresst wéi Orangen bis guer kee Jus méi dran ass.

Mir sinn awer hei zu Lëtzebuerg op der Post Gottseidank nach net an esou enger katastrophaler, an zum Deel dramatescher Situatioun wéi d’Personal am Postberäich et am Ausland verspiert.

Mee et gesäit een awer, och am Ausland hunn d’Bréifdréier keen héijhe Stellewäert, well d’Direktiounen esou Situatiounen bewosst a Kaf huelen.

Dofir dann och schon eng richtungsweisend Ausso: mir als Bréifdréieschgewerkschaft wäerten op kee Fall zoulossen, dass et och hei zu Lëtzebuerg mat de Bréifdréier an esou eng dramatesch Richtung steiert.

Et ass och esou, dass bal all Bréifdréier, deen haut a Pensioun geet, kierperlech ugeschloen ass, an esou munnech Operatiounen hannerun sech huet.

Dat ass eng Tatsaach an dat huet seng Grënn.

Et ass nun emol eppes aanescht op engem Bureau ze schaffen, an dat ass net negativ gemengt, well déi Leit schaffen och. Mee wann een eng ganz Carrière duerch dee schwéiere Beruff vum Bréifdréier am Innen- a virun allem am Aussendéngscht mécht, dann ass dat schon eppes aanescht.

An eiser leschter Zeitung si mir op d’Schwieregkeete vun eisem Beruff agaang.

Wann d’Postdirektioun mat Recht ëmmer vu beschtméiglecher Qualitéit schwätzt, da muss een och eppes dran investéieren.

D’Qualitéit huet och eppes mat der Formatioun ze dinn.

Formatioun kascht Suen, wann een dat reng op d’Situatioun bei Post Courrier fokusséiert, da gehéiert eben och derzou, dass dat néidegt Personal do ass fir dës Formatioun kënnen ze garantéieren, an et kann ee net alles iwwer Iwwerstonne geréieren ouni dës wichteg Formatioun korrekt op d’Bee wëllen ze stellen.

Mir, a vill vun eise Leit, gin dat Gefill och net lass, dass de schwéiere Beruff vum Bréifdréier net de néidege Stellewert bei der Direktioun vu Post Courrier huet.

Wir dat nämlech de Fall, da géif net einfach esou gesot ginn: dir musst nach méi dacks an d’duebel Tournee goen respektiv, dass mir et nach ëmmer gutt hätten.

D’Leit um Terrain kréien esou lues d’Gefill, dass alles drop erausleeft, fir am Courrier Aarbechtskonditiounen ze schaafen, fir dass d’Leit méi onzefridde sinn, also kee bien-être au travail verspieren.

Mir verlaange just, dass déi alldeeglech Aarbecht an engem gutt organiséierten Emfeld soll stattfannen, eben an engem Klima vum bien-être au travail.

Ech weess och, dass do esou Munneches an d’Wee geleet soll ginn a scho gouf, mee ech bezweifelen awer, dass de bien-être au travail fir jiddereen op der Post dee selwechte soll sinn.

Dozou zielen ech iwwregens och de respektvollen Emgank vun de Cheffen op den eenzelne Bureauën mat de Leit.

D’Situatioun um Terrain léisst vill Froen opstoen.

Mir schwätze bei Post Courrier d’lescht Joer vun engem Réckgang vu bal 6 %, an hunn dee Verloscht awer duerch di nei Tarificatioun opgefaang.

Dëse Réckgang vum Courrier ass e Problem an huet e finanziellen Impakt, an dat bestreide mir och net.

Et ass awer och eng Tatsaach, dass 6 % manner Courrier net och 6 % manner Aarbecht bedeit.

Dat kann ee weder bei de Bréifdréier am Aussendéngscht, nach bei eise Leit am Innendéngscht esou soen.

Dofir si mir kategoresch dergéint, dass dës finanziell Situatioun doduerch ausgeglach soll ginn, dass eventuell dru geduecht gëtt, fir den Desequiliber duerch manner Personal an duerno mat méi Iwwerstonnen opzefänken.

Well dës Iwwerstonnen droe secher net zum bien-être au travail bäi an hunn aner Konsequenzen, déi dann och Sue kaschten an deemno en Impakt op d’Qualitéit hunn.

Mir vermëssen dofir, dass di schwéier Aarbecht net unerkannt gëtt.

Ech nennen e Beispill:

Et si verschidden Deeg, wou vill zevill Aarbecht do ass fir dës an engem normalen Aarbechtsrhythmus an engem Dag kënnen ze bewältegen.

Dat geet nëmme mat Hetz a Murks vu mueres bis zu deem Moment, wou d’Schicht fäerdeg ass.

Dat ass am Bréifdréieschberuff nun emol esou opgrond vun den deegleche Fluktuatiounen.

Eenzel Leit hetzen sech esou, wat awer net sënnvoll ass, dass si da keng Paus maachen, an doduerch heiansdo virun der offizieller Zäit fäerdeg sinn. Da gëtt gesot: déi hunn et awer gutt.

De richtege Wee wir awer, wann d’Leit zum Beispill och emol gesot kréichen: All Respekt, du hues haut gutt geschafft!

Dësen Detail geet menges Wëssens iwwregens och ni bei den Evaluatiounsgespréicher zréckbehal.

Dat wir och motivant a méi sënnvoll, wéi wann inoffiziell gesot gëtt, dass d’Noten nach weider erof misste goen.

Zur Evaluatioun wëll ech just soen, dass, wann een di komplett Resultater aus de leschte Joren analyséiert, da gesäit een, dass mir am Postcourrier vis-à-vis vun aneren Antitéiten benodeelegt sinn a mir als Bréifdréier am Beräich vum Post Courrier och ganz schlecht ewech kommen.

U sech misst jo awer gewosst sinn, dass e Luef fir all Mënsch motivant ass an esou munneches ka bewegen.

Mee dat kréien de Bréifdréier hir Cheffe leider net mat op de Wee.

De Rumeure no ass e gudde Chef een, dee vill Affaires disciplinaires schreift, d’Leit vrun d’Dir setzt, ëmmer erëm e katastrophalen Emgangstoun mam Personal huet, a wou Salarieeën opgrond vun hirem Statut fäerten, fir nach iergendeppes ze soen.

All Mënsch heibanne weess, wéi dat gemengt ass.

Alles dat huet iwwregens och en Impakt op de bien-être au travail.

Et gëtt jo dann dee faméisen Accord P01, dee 2011 mat der Direktioun vun der Post, dem deemolege Minister Krécké, dem President vum Conseil d’administration an der Gewerkschaft ausgehandelt ginn ass.

Mir als Gewerkschaft sinn deemols am Intressi vun eiser Entreprise mat op de Wee gaang, fir d’Salariat an eiser Carrière anzeféieren.

Mir ginn haut wéint deem Zougeständnës nach ëmmer vun eenzelne Leit attaquéiert.

Eis deemoleg Zouso huet en Impakt op eis Memberszuelen, also indirekt op d’Iwwerliewe vun der Bréifdréieschgewerkschaft, an et ass och bewisen, dass sech eis Finanzen an de leschte Joeren dementspriechend entwéckelt hunn.

Mir behaapten eis och grad dowéint rigoréis op d’Anhalen vun dësem Accord.

En Accord ass en Accord, an et soll een op kee Fall vergiessen, dass dësen Accord mat sech brecht huet, dass Post Courrier haut trotz den däischtere Prophezeiungen vill besser do steet, wéi et virausgesot gouf.

Ech kommen net derlaanscht fir e puer Wuert iwwert den Tri vu Betebuerg ze verléieren.

Do muss d’Qualitéit den A an den O vun allem sinn.

Den Tri, de jo d’Häerz vu Post Courrier ass, a wat den Epizentrum vun der Qualitéit am Courrier muss sinn, dee muss beschtméiglech fonktionnéieren.

Zwee geschloner Joeren schwätze mir a Reuniounen elo iwwert d’Problemer, déi bis haut zum Deel net geléist sinn.

Zënter dem Dezember ass e neie Responsabelen am Tri, an et ass rezent do jo och e neien Organigramm opgestallt ginn.

D’Responsabilitéite sinn elo deelweis aanescht opgedeelt ginn fir am Endeffekt méi performant ze schaffen.

Elo gëtt et also keng Excuse méi, a mir fuederen, dass eis Problemer séier geléist ginn.

Mir si mat op de Wee gaang fir dass eis Leit méi flexibel agesat kënne ginn.

Dës Flexibilitéit dierf awer an Zukunft net op méi flexibel Auerzäiten erauslafen.

Mir schwätzen elo zwee Joer iwwert d’IT-Material, wat dacks net fonktionnéiert oder den heitegen Zäite net méi ugepasst ass, a mir ginn ëmmer erëm mat net zefriddestellenden Aussoen vertréischt.

Mir schwätzen och zënter zwee Joer iwwer korrekt ergonomescht Material am ganzen Tri.

Bis haut ass awer an deem Beräich net vill geschitt.

Och dat gehéiert zum bien-être au travail a géif der Gesondheet vun eise Leit zegutt kommen.

En anere Problem ass dee vun den Effektiver am Tri.

Wéi schonn ugedeit: 6 % Réckgang vum Courrier steet absolut net a Relatioun mat der Aarbecht, déi am Tri ass, oder besser gesot, wéi eng an de leschte Joeren derbäi komm ass.

Permanente Wuesstëm bei de Colisën, Wuesstëm bei den Aschreiwebréiwer resp. den Recommandeeën aus Asien, Organisatioun vu neie Servisser beim Packup24, dee jo och permanent evoluéiert, J+0-Regel, déi fir ëmmer méi Stresssituatioune suergt, nei Reglementatiounen bei der Douane, wat och esou munnech nei Aarbechte mat sech bréngt.

Alles dat sinn Aarbechten, déi an de leschte Joeren derbäi komm sinn oder enorm gewuess sinn.

Mir ginn och vun eise grousse Clientën duerch nei Fuerderungen ëmmer méi ënner Drock gesat, wat dann och en Impakt op Stresssituatioune während der Aarbecht huet.

D’Effektiver sinn dëser Situatioun leider net ugepasst. Au contraire.

En anere Problem ass deen, dass an de leschte Joeren ëmmer erëm Leit an den Tri gesat gi sinn, déi eng spezifesch incapacité de travail hunn.

Et ass als positiv ze bewerten, dass de Patron dëse Leit entgéint kënnt, an ass selbstverständlech och am Sënn vun de Gewerkschaften, dass no dëse Leit gekuckt gëtt.

Ee Problem ass awer deen, dass dës Leit zu den Effektiver gezielt ginn an duerch hir Incapacitéit zum Deel net méi voll asetzbar sinn.

Dat huet Repercussiounen op di alldeeglech Aarbecht am Tri.

Wann et eis no géif goen, missten dës Leit à part gerechent ginn, also net iwwert d’Effektiver vum Tri, mee iwwer eng spezifesch Cellule geréiert ginn.

Dat géif schlussendlech dozou bäidroen, dass eenzel Problemer am Tri a Relatioun mam Personalbestand verbessert a geléist kéinte ginn.

E grousse Problem ass awer deen, dass den eminent wichtegen Apprentissage, a Relatioun mat der alldeeglecher Organisatioun am Tri, net korrekt ka gemeet ginn.

Déi minimal gerechent Effektiver lossen et net zou, das Leit schnell a gutt ugeléiert kënne ginn.

Grad am Tri, wou op eenzelne Chantierën vill Wësse verlaangt ass, ass et nun emol wichteg, dass d’Leit gutt informéiert ginn.

Dësen Apprentissage garantéiert eng héichwäerteg Qualitéit, déi mir jo wëllen a mussen ubidden.

An eisen Aen ass et och net gutt, fir zevill op den Interim zréckzegräifen.

Léiwer eng Kéier an de sauren Apel bäissen an e puer Leit méi astellen, mat der Konsequenz fir di bestehend Problemer méi séier ze léisen, a mam Resultat fir duerno besser ze fonktionnéieren.

Mir kënnen eis net dout spueren, an dat op Käschte vum Personal a Relatioun mat den Aarbechtskonditiounen.

En anere Problem am Tri ass d’Qualitéit, déi d’Trieusen, also déi Maschinnen, déi d’Sequenz fir d’Bréifdréier preparéieren, de Moment ofliwweren.

Et war zu engem Moment gesot ginn, dass mat der neier Programmatioun vun de Sequenzéiermaschinnen, déi jo sécher vill Sue kascht hunn, de Bréifdréier hir laangjähreg Problemer a punkto Qualitéit vun der Sequenz kéinte geléist ginn.

Dat ass awer leider no bal fënnef Méint nach net de Fall.

D’Qualitéit vun der Sequenzéierung huet an den Ae vu ville Bréifdréier ofgeholl, obwuel awer hei Geld investéiert ginn ass.

D’Konsequenz dovun ass, an dat ass och net vun der Hand ze weisen, dass doduerch elo méi Aarbecht um Tri manuel entsteet.

Dat huet also indirekt en Impakt op d’Onkäschte, well d’Personal am Tri duerch dës schlecht Sequenzéierung méi Aarbecht huet.

Och an dësem Fall schwätze mir scho ganz laang iwwer en ongeléiste Problem, dee fir eis Leit am Innen- ewéi am Aussendingscht awer ganz wichteg ass.

Ech kommen dann op de Réseau vente ze schwätzen.

Do ass jo zënter den offiziellen Aussoen aus dem Hierscht 2016 bekannt, dass dëse Réseau bis spéitstens 2025 just nach aus 15 méi moderne Postbureauë soll bestoen.

Mir ware vun Ufank u géint dës Schléissunge mat enger Reduzéierung op nach 15 reng Postbureauën a mir haten an hu nach ëmmer aner Virstellungen.

Et wir am Virfeld vun den dësjährege Gemengewalen duerchaus intressant, wa matgedeelt géif gi, wat fir eng Postbureauën et da schliesslech sinn, déi nach zougemeet solle ginn.

Mir hu momentan schonn eng schwiereg Situatioun am Réseau vente, well elo scho villes op dës Strategie vun de Schléissungen opgebaut ass, an dat huet demno en Impakt ob d’Personalsituatioun besser géif ginn.

Wéi gesot, mir si géint dës radikal Schléissungen op nach e Rescht vu 15 Postbureauën

Muss ee wiirklech direkt alles zoumaachen?

Kann ee bei deene gréissere Bureauën, déi jo elo wahrscheinlech zougemeet ginn, net emol kucken fir se eventuell manner dacks opzemaachen a se eben net definitiv zouzemaachen? Méi Bureauen,  méi a besser Formatioun fir eis Leit an eng méi grouss Produitspalette, dat wir eiser Meenung no méi sënnvoll.

Dat géif bei de Bierger an och bei de Gemenge secher besser ukommen, wéi eng radikal Schléissung vun hirem Postbureau mat engem gutt ausgebildene Guichetier.

Ech bleiwen och haut nach ëmmer bei der Positioun, dass e forméierte Guichets-Beamten vun der Post e Qualitéitscritère ass, deen een eise Postclientën muss bidden.

En Tankstellenaarbechter oder e Vendeur an engem grousse Supermarché ka net de selwechte qualitiative Service ubidden, wéi e forméierte Postier.

Dat ass eng Tatsaach.

Dat huet och mam Erscheinungsbild vun der Post ze dinn.

Mir sinn eng Marque, an de Numm Post huet e Qualitéitslabel, wou awer secher op Plaze nach Verbesserungsbedarf besteet.

De Contraire wir kontraproduktiv a schued dem Image vun der Post.

Ech ginn iech emol e Beispill aus dem Réseau vente.

Virun engem Joer sot de Bopi Charel zu der Bomi Therèse: „So Thérèse, ech ginn op d’Post Suen iwwerweisen a nach e Recommandé verschécken an duerno – wat en senger Fra net sot – nach séier en Apéritif drénken.“

Haut seet de Charel: „Ech ginn op d’Tankstell e Pak sichen“. An eventuell muss hien an de Supermarché fueren fir eng wieder postalesch Transaktioun ze maachen, a fir den Apéro ass leider keng Zäit méi.

De Problem ass net, dass de Charel keen Apéro méi kritt, mee dass de Numm Post aus dem Vocabulaire verschwonnen ass.

An dat ass net gutt, an eis Gewerkschaft kritiséiert dat, a mir bleiwen der Meenung, dass et net dem Clients-Wonsch entsprécht an och kontraproduktiv ass, wa just nach 15 typesch Postbureauën iwwreg bleiwen.

Et ass definitiv eng Verschlechterung fir de Client, och wann eise Minister an d’Direktioun ëmmer erëm de Contraire behaapten.

Mir hu misse no Alternative sichen, eis zwee grouss Partner, de Cactus a Raiffeisen, sinn an deem Fall och di richteg Partner a kënnen d’Post no vir bréngen.

Mir hunn an deem Kontext awer aner Vistellungen, an et ass secher och nach Verbesserungsbedarf do.

Eng radikal Schléissung dréit awer net zur Zefriddenheet vun de Bierger a Gemenge bäi.

Dëse Schoss riskéiert no hanne lass ze goen.

Et wir also un der Zäit, och en vue vun dëse Gemengewalen 2017, fir d’Kaarten op den Dësch ze leeën an en éierlechen Dialog ze sichen, an eventuell muss d’Post dann och e bësse Waasser an hire Wäin schëdden.

D’Gewerkschaften hunn dat op jidde Fall gemaach.

D’Post allerdings huet nach héichprozentege Wäin, dee secher nach vill Waasser verdréit.

De Ball läit also bei der Post, an et wir wichteg, wann elo eng Reaktioun an däer Hinsicht géif kommen.

Mir géifen eis wënschen, dass di aner concernéiert Gewerkschaften sech och emol bemierkbar géife maachen a net nëmmen d’Bréifdréieschgewerkschaft. Well hei steet ganz vill um Spill fir d’Bierger, fir eist Personal an och fir d’Post.

An deem Kontext muss een och de Service universel uschwätzen.

D’Post muss bis Enn 2019 fënnef Mol an der Woch d’Distributioun vum Courrier garantéieren, also all Wochendag.

Wat geschitt am Joer 2020?

Gëtt dëse Service universel nach eng Kéier verlängert, a wa jo, a watfir enger Form?

Et wir op jidde Fall am Intressi vun de Bierger.

Bei den Diskussiounen doriwwer misst nach eng Kéier d’Fro opgeworf ginn fir de Réseau Guichet/vente iergendwéi mat an de Service universel anzepaken.

No der Fermeture vu Bureauën wir dat duerchaus ubruecht.

De Staat als Haaptaktionär huet eng Responsabilitét, well am Endeffekt bezillt de Bierger nach ëmmer vill Steieren fir e qualitativ héichwäertege Service ugebueden ze kréien.

D’Zielsetzung dierf an deem Fall also net sinn, fir eng maximal profitorientéiert Strategie ëmzesetzen, an dat ouni dass een d’Belaanger vum Personal an d’Bedürfnësser vun de Bierger aus den Ae verléiert.

Da kommen ech nach op di eenzel Accords salarialen aus dem leschte Joer ze schwätzen.

Do felicitéieren ech der CGFP mat dem Romain Wolff un der Spëtzt nach eng Kéier fir déi Aarbecht, déi si an de leschten zwee Joer a Relatioun mat dësem Accord geleescht hunn.

Dat war d’Gehälterrevisioun vum Oktober 2015 an elo rezent de Accord salarial.

Dës Accorden hunn esou munnech finanziellen Avantage fir d’Personal beim Staat, also de facto och bei der Post mat sech bruecht.

Di meescht Leit haten domat net gerechent, an dofir e grousse Merci, a maacht esou weider!

En aneren, net ze ënnerschätzende Problem ass awer dee vum Salariat bei eis op der Post.

Déi falen jo net do drënner ennert déi ausghandelt Accoren vun der CGFP.

D’Loundifferenz tëscht den eenzelne Statuter bei eise Memberen, wou d’Leit awer di selwecht Aarbecht maachen, gëtt ëmmer mi grouss.

Aparti beim Personal aus den ënneschte Carrièren, dat mir als Gewerkschaft jo och vertrieden, entstinn um Terrain munnech Problemer.

Bei de Salarieeën ass am Juni och e neie Kollektivvertrag negociéiert ginn, ouni dass awer e Vertrieder vun der Bréifdréieschgewerkschaft mat um Dësch souz.

Dat ass e Problem, an och wann d’Gesetzgebung u sech net virgesäit, dass mir dës Conventioun ënnerschreiwen, ass d’Situatioun awer déi, dass mir vill däer Persoune vertrieden an dofir och den Usproch hunn fir matzeschwätzen.

Am Endeffekt ass et nämlech egal, wie wat duerchgesat huet, well et geet ëm eng Saach, an zwar besser Lounkonditioune fir d’Personal.

Déi aner Salariatsgewerkschaften wëllen an dierfen – wat och berechtegt ass – mëttlerweil iwwerall an eise Versammlungen, déi mir selwer als BG ufroen, mat um Dësch sëtzen.

Déi logesch Konsequenz misst sech do vum selwen erginn.

Niewebäi bemierkt: mir sinn de Memberszuele no déi gréisste Gewerkschaft op der Post.

Fir awer nach eng Kéier op de Kollektivvertrag aus dem Juni zréckzekommen:

Et ass ëmmer luewenswert, wann de Patron sech bereet erklärt, fir sengem gutt schaffende Personal eppes an der Pai bäizeginn.

Et ass awer eiser Meenung no, aparti wat déi niddreg Carrière betrëfft – an dës Leit liewen dacks a prekäre finanzielle Liewenssituatiounen – net genuch gewiescht.

Hei wir dréngende Nohuelbedarf, a mir hoffen a fuederen, dass mir an Zukunft mat kënne negociéieren bei der nächster Convention collective, fir dass virun allem bei den ënneschte Carrièren ënner dem Stréch méi eraus kënnt.

Eise Generaldirekter betount jo ëmmer, dass mir all gutt schaffen, an dass vill vun eis verlaangt gëtt.

Et wir also wënschenswert, wann och d’Salarieeën dat an hirer Paitut géife spieren.

Da wëll ech nach drop hiweisen, dass dësen Hierscht, wann et dem Règlement grand-ducal nogeet, Walen fir an de Conseil d’administration um Programm stinn.

Et ass wichteg, dass di richteg Personalvertrieder an dësem wichtegste Gremium vun der Post sëtzen.

Di gewielte Personalvertrieder vertrieden d’Intresse vun hire Wieler a vum ganze Postpersonal. Dofir si se do.

Bei eenzelnen Dossierën, wou dann och emol Decisiounen a Voten ufalen, do kommen d’Personalvertrieder a Situatiounen, déi bei hinnen Gewëssensbëss erfirruffen, an hir Positioun ka bei der Belegschaft eventuell fir Onmut suergen.

En vue vun all deem, wat an de nächste Joeren am Beräich vu Post Courrier geschitt – och bei der Logistik, am Tri, am Réseau vente, bei de Finanzen a beim Personal – kënne mir ons et net erlaben, dass kee Vertrieder aus eise Reihen am Verwaltungsrot sëtzt. Well do gi strategesch wichteg Decisioune geholl, wou mir dann emol net reagéiere kéinten.

Dat war schon eng Kéier 5 Joer laang de Fall, an et war definitiv net gutt fir eis Leit, well ons deemols wichteg Informatiounen virenthale goufen.

Bei deene wichtegen Zukunftsdossierën musse mir als Bréifdréier onbedingt am Conseil d’administration matbestëmmen.

Zum Schluss dat hei:

Mir sinn als Gewerkschaft op iech all ugewisen.

Bei menge Visiten op de Bureauën weisen ech heiansdo drop hin, dass net alles ëmmer an di Richtung leeft, wéi dir et gäer hätt oder erwaart.

Mir hunn awer dacks eng aner Virstellung iwwer dat, wat schliesslech opgrond vun Decisioune vun der Direktioun um Terrain ëmgesat gëtt a wat eis Leit um Terrain ze spiere kréien.

Dat suergt ëmmer erëm fir Diskussioune bei de Memberen, an dat ass normal.

Och di nächst Joere wäerte bei de Memberen a Clientën nach fir Diskussiounen suergen.

Mir sëtzen awer all an engem Boot, a mir kënnen eis net erlaben, net zesummenzehalen a net geschlossen do ze stoen.

Et bréngt sécher näischt, fir d’Gewerkschaft ze attackéieren, déi alles probéiert fir d’Intresse vun de schaffende Leit ze vertrieden, och wa net ëmmer alles duerchgesat ka ginn.

An dëse schwéieren Zäiten, wou d’Gewerkschaften net ëmmer all Soldiaritéit vun der Basis verspieren, misst dëse wichtege Solidaritéitsgedanken awer do sinn.

Mir als Bréifdréieschgewerkschaft mat eise ville Memberen, mir mussen all zesummen halen, a kënnen ons et eben net erlaben, dass eis Gewerkschaft vun eenzelne Leit geschwächt gëtt.

Mir sinn all Bréifdréier, an d’Solidaritéit vun de Memberen ass a schwieregen Zäiten dat stäerksten Argument wat eis Gewerkschaft huet.

Dat gesot: Vive d’Bréifdréieschgewerkschaft, vive eis Memberen a virun allem vive all Bréifdréier, déi weiderhin wichteg Kontaktpersounen tëscht der Post an dem Client solle bleiwen.