top of page

Bréifdréieschgewerkschaft

Artikel zum Innendienst

Kopie von trio tri.jpg

Säit Joren ass d’Bréifdréieschgewerkschaft am Tri aktiv fir besser Aarbechtskonditiounen fir d’Mataarbechter vun all Statut an d’Wee ze leeden. Duerch eis Delegéiert a vereenzelt Comitésmemberen hu mir ganz gutt Connexiounen am Tri an eis Leit wëssen vu wat se schwätzen, wann et ëm den Tri geet. Follgend Punkten sinn e.a. duerch den Asaz a Mathëllef vu Memberen vun der BG ëmgesat ginn. Zënter 2018 schaffe bekanntlech Memberen vun der Exekutiv am Management vum Tri. Si hunn dës Posten eleng duerch hir Kompetenzen zougesprach kritt, a fir all Mataarbechter am Tri ass et e Gewënn, dass Leit am Management setzen, déi duerch hir Erfarung d’Aarbecht um Terrain ganz genee kennen an eventuell Probleemer dann méi séier léise kënne.

Wat ass dann zënter 2018  duerch Mathëllef vu Leit aus der BG (Delegéierter a Comitésmemberen) alles ëmgesat ginn?

Eng vun den éischten Aktiounen am Joer 2018 war et, deene Leit, déi nach keng 30 Minutte Paus haten, se op 30 Minutten ze erhéijen. Dat ware Servicer mat 25 Stonnen d’Woch, déi a Relatioun mam Gesetz u sech awer keng 30 Minutte Paus ze gutt gehat hätten;

Eis Chauffeursdéngschter, déi sechs Deeg d’Woch geschafft hunn, sinn op Initiativ vu BG-Leit reorganiséiert ginn, esou dass elo jiddereen an engem Roulement vu fënnef Deeg à 40 Stonnen d’Woch schafft;

D’Mobilité interne ass am CTB an d’Liewe geruff ginn. Eis BG-Leit am Management hunn et fäerdeg bruecht, dass Leit vum Casier mat 25 Stonnen respektiv 30 Stonnen d’Woch, sech endlech op Déngschter mat 40 Stonnen d’Woch konnte mellen, an se schlussendlech och kritt hunn;

Duerch den Asaz vun de BG Leit am Management ass dofir  gesuegt ginn, dass Fraen sëch op Dengschter konnte mellen, wou bis dato keng  Fraen geschafft hun. Z.b. haten onverständlecherweis nach nie Fraen als Polyvalent CTB Agentinnen am Tri geschafft.  An och nët an der Carrière B vum Statut Privé. Mir hun mettlerweil elo  och 2 Dammen wou am Service R/V schaffen an 4 Damen als „Agent Polyvalent“;

Duerch e.a. den Asaz vu BG-Vertrieder hunn eis Agents Polyvalents am Tri da säit 2019 e festen Roulement fir dat ganzt Joer;

De Congé spontané, wéi d’Regelung elo am CTB ass, gouf duerch e BG-Comitésmember agefouert. Bei enger respektiver Congésdemande kritt ee Mataarbechter elo no spéitstens 3-4 Deeg eng Äntwert, ob Jo oder Nee. D’Zäite mam  Bichelchen sinn domadder definitiv eriwwer;

Mat Hëllef vun de BG-Vertrieder ass den Agent spécialisé an d’Liewe geruff ginn. Hei kann en Salarié am Statut Privé elo vun engem Wiessel an d’Carrière C profitéieren. Sou eng Carrière ass et virdrun am Tri net ginn;

An enger éischter Etapp hu mir eis Leit vun der Sequenz um „Casier“ vu fënnef op sechs Stonnen den Dag gehuewe kritt, wat dann och erëm vu BG-Leit ëmgesat ginn ass;

Säit zwee Joer kënnen d’Mataarbechter am Tri eng 7. Woch Congé op der Lëscht anzeechnen, wat och e Wonsch vun der BG war;

Mir konnten dëst Joer aacht Leit vu sechs Stonnen op aacht Stonnen den Dag erhéijen, wat och scho laang en Diskussiounspunkt vun de BG-Vertrieder war;

En 2ten Comitésmember vun der BG ass op Grond vun senge Kompetenzen am November 2022 an d‘Equipe vum Management am Tri gewiesselt;

Niewent all dësen Ännerungen, wou definitiv all kéier BG-Vertrieder mat gewierkt hunn, schaffe mir awer och permanent drun fir eis Fluxen ze vereinfachen an eis Qualitéit nach weider ze verbesseren;

Dat hei sinn elo déi gréisser Pojeten, déi mat Hëllef oder op Drock vun de BG-Vertrieder realiséiert gi sinn. Et ginn nach vill weider Aktiounen oder Problemer, wou d’BG sech dann och  fir vereenzelt Leit/Servicer am Tri agesat huet.

Eis Comitésmemberen am Tri mat eise staarken Delegéierten!

Eng staark Equipe, déi am Interessi vun de Mataarbechter a Mataarbechterinnen vun all Statut schafft !

bottom of page