Kalenner 2022.jpg
a73f2ae0-c51c-4ab8-bb41-c8224c630af1.JPG
9d987832-15d5-4f98-a84b-00e48d8fe83c_edi
a1c8a227-8abe-4c98-adfc-45243dd2ad37.JPG
dd7039d2-3c20-495f-90b6-c0ffa2e8873b_edi
214836c4-15ce-44f3-82d8-aad94999c247.JPG
d43931f1-bf48-4f25-ad80-4d15fc724ef8.JPG
fa22f708-1758-47f8-8911-4de38dab54a5.JPG
0bf61346-92d8-433e-9abd-422e197b7fd6.JPG
0cd7c1d3-4e65-4dd5-8fb4-5cb6255c424a.JPG
85eb5bd3-bad5-4361-bac4-98d6b58e575c.JPG

Bréifdréiesch Kalenner 2022

Ried vum President Raymond Juchem 

bei der Presentatioun de 15. Dezember 2021

Här Minister, Här Generaldirekter, Madame Directrice générale adjointe, Här President vum Verwaltungsrot, Madame Coordinatrice vun Esch2022, Här Buergermeeschter, Kolleeg Steve Heiliger vun der CGFP a Kolleeg Éierepresident Eugène, Dir Häre vum Verwaltungsrot a léif Invitéen, 

Am Numm vun der Bréifdréieschgewerkschaft sinn ech frou, Iech an dëse komplizéierten Zäiten, am Kader vun der Presentatioun vum Bréifdréieschkalenner, hei am Siège vun der Post kënnen ze begréissen. 

Ech wëll awer och dovu profitéieren fir de neie Postdirekter, den Här Mario Treinen ze begréissen, dee sech direkt bereet erkläert huet, fir haut bei dësem Evenement derbäi ze sinn.

Am Numm vun eiser Gewerkschaft an dem ganzen Bréifdreiercorps, wëllkomm a bonne Chance bei Ären zukünftegen Aufgaben. Mir freeën ons elo schonn op eng gutt Zesummenaarbecht a vun Gewerkschaftssäit kënnt Dir jiddefalls op e konstruktiven Dialog zielen.

Bekanntlech stelle mer de Bréifdréieschkalenner fir dat Joer drop schonn zënter laangem am Dezember am Kader vun enger klenger Presentatioun vir.

Fir d’Joer 2022 hu mir eis als Comité vun der Bréifdréieschgewerkschaft fir de Sujet d’Kulturhaaptstad Esch/Uelzecht 2022 decidéiert. Esch kritt, als zweetgréisste Stad vum Land, d’nächst Joer zesumme mat zéng ugrenzende Lëtzebuerger Gemengen vum Verband Pro-Sud esou wéi mat aacht franséische Gemengen den Titel als Europäesch Kulturhaaptstad. 

D’Partnergemenge sinn op Lëtzebuerger Säit nieft Esch nach Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Kärjeng, Kayl/Téiteng, Monnerech, Péiteng, Rëmëleng, Sanem a Schëffleng. Op franséischer Säit sinn et Audun le Tiche, Aumetz, Boulange, Ottange, Réideng, Russange, Thil a Villerupt. 

Dat ass deemno en éierevollen Titel, dee bekanntlech all Joer eng aner Stad oder Regioun innerhalb vun der EU zougesprach gëtt, mee sécher stellt dat eng Stad dann awer viru grouss Erausfuerderungen, an de Covid vereinfacht des laang am Viraus geplangten Organisatioun, mat sëllegen interessanten Evenementer, leider net. 

Et ass elo hei net d’Plaz an och net eis Roll fir op déi vill kulturell respektiv aner Aktivitéiten anzegoen, déi am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch 2022 d’nächst Joer wäerte stattfannen. 

1995 war Lëtzebuerg schonn emol Kulturhaaptstad vun Europa, an 2007 war et dunn zesumme mat der Groussregioun Saar/Lor/Lux nach eng Kéier Kulturhaaptstad. Dat schwätzt mat Sécherheet fir eist schéint Lëtzebuerger Land, wou et nach esou muench schéi Plazen ze entdecke gëtt, esou wuel fir d’Awunner wéi fir déi sëlleg Touristen.

Esch als Kulturhaapstad 2022 steet an enger Rei mat grousse Stied wei Paräis, Madrid, Lissabon, Liverpool, Istanbul oder nach Prag, fir der nëmmen e puer ze nennen. Iwweregens gëtt et dësen Titel schonn zanter 1985, fir deen een bekannterweis am Virfeld muss eng Kandidatur areechen. 

Esch2022 deelt sech den Titel d’nächst Joer dann mat de Partnerstied Kaunas a Litauen a mat Novi Sad a Serbien. An dësem Kader solle prinzipiell kulturell, ëmweltpolitesch a gesellschaftlech Aktivitéiten organiséiert ginn, déi alleguer nohalteg solle sinn, dat heescht, dass se idealerweis iwwer d’Joer 2022 ewech nach e Sënn sollen erginn an esou dann och nowierken.

An anere Wieder heescht dat, dass de Konzept vun de Kulturhaaptstied vun Europa och zur Staderneierung soll bäidroen, an dat mam Schwéierpunkt Kultur, esou dass dobäi ëmmer gehofft gëtt, dass laangfristeg e bessert Zesummeliewen an der Stad oder an der betreffender Regioun kann erreecht ginn, an d’Leit och nach duerno kënne vun deem profitéieren, wat wärend dem Kulturjoer entwéckelt gouf.

Sécher wäert bei Esch 2022 och ganz staark déi industriell Traditioun vum Süden vum Land betount ginn, woubäi mir als Gewerkschaft dat nëmme kënne begréissen. Mir dierfe net vergiessen, dass de Räichtum vum Lëtzebuerger Land, der haarder Aarbecht an dem Schweess vun de schaffende Leit aus der Südregioun ze verdanken ass, well d’Stolindustrie do hir Heemecht huet.

Och dofir hu mir als Bréifdréieschgewerkschaft decidéiert, dëse Projet op eis Aart a Weis ze ënnerstëtzen, andeems mir en zum Sujet vum traditionelle Bréifdréieschkalenner fir 2022 gemaach hunn. 

Duerch des Illustratioun wëlle mer e klenge Beitrag zur Sensibiliséierung fir Esch2022 leeschten, well schliisslech gëtt eisen usprochsvolle Kalenner mat flottem Layout, elo am Dezember u quasi all Stot am Land verdeelt, a wäert dann e Joer laang bei de Leit doheem an der Kichen oder am Bureau hänken, esou dass se Dag fir Dag un d’Kulturhaaptstad Esch erënnert ginn.

Natierlech geet et net nëmmen ëm d’Vergaangenheet, mee och ëm d’Géigewaart an d’Zukunft vun enger Regioun, also dem Süden, dee sech an der Tëschenzäit e.a. mat der Uni Lëtzebuerg och nach zu engem Standuert vu Fuerschung, Innovatioun a kreativen Technologien entwéckelt huet, a sech sécher och nach wäert konsequent weider entwéckelen.

Et deet sech also esou Muenches zu Esch.

Mir hoffen natierlech, dass och déi aner 18 Gemengen, déi mat am Boot sëtzen, heivunner wäerte profitéieren, an dat op kulturellem an touristeschem Plang.

Perséinlech sinn ech och e bëssen houfreg, dass Esch dësen Titel dat ganzt nächst Joer wäert droen. U sech huet mäi ganzt Liewen eng direkt Verbindung mat Esch. Ech hunn als Kand vill Stonnen um Belval um Arbedsterrain gespillt, a mäi Papp huet säi Brout duerch haart Aarbecht op der Arbed am Stolwierk verdéngt. Ech sinn zu Esch respektiv Lalleng an de Lycée technique gaang, hunn op der Fola um Gaalgebierg Fussball gespillt, war Samschdes Mëttes laang Joren beim Kutschentreff an der Uelzechtsstrooss an am Café Diva derbäi, an hunn iwwer 20 Joer als Bréifdréier zu Esch respektiv de Nopeschgemengen d’Bréifkëschte mat deem esou wichtege postalesche Courrier gefëllt. Donieft sinn ech ganz vill zu Esch eraus gaang, an hunn doduerch glécklecherweis ganz vill interessant Leit kenne geléiert.

An der jonker Vergaangenheet ass Esch heiansdo negativ als gro Industriestad duergestallt ginn. Ech kann dës Meenung awer absolut net deelen. 

Esch ass awer eng schéi Stad. Et muss ee se eben just méi genau kucken fir ze realiséieren, wéi intressant se a Wierklechkeet dach ass. Déi verschidde Kulturen duerch lëtzebuergesch an auslännesch Matbierger, nei an al Wunnquartieren, de neie Quartier Belval, deem seng Skyline rapid changéiert, eng Universitéit, déi vill Studenten a Proffen aus dem In- an Ausland unzitt, an och eng vill besichte Rockhaal, fir der dann nëmmen e puer ze nennen, hunn zur Attraktivitéit vun der Stad bäigedroen. Net ze vergiessen, déi räich a schéi Natur mat hire Bëscher ronderëm Esch an di ugrenzend Gemengen. All dat huet schonn eppes Extraes. 

Spezifesch fir Esch ass och d’Oppenheet an d’Frëndlechkeet, mat deene Jiddereen am déiwe Süde vum Land opgeholl gëtt. Et ass frappant, wei séier een, wann ech elo op meng Carrière als Bréifdréier, Fussballer oder Privatpersoun zeréck kucken, e schnellen a gudde Kontakt mat de Leit kritt.

Dës Attributer vun der ganzer Regioun vum roude Buedem gëllen och fir déi aner Gemengen an Uertschaften, wéi z.B. Bieles, wou ech als Bouf opgewuess sinn, an nach haut am ganzen Süden,  duerch déi einfach Kontaktopnahm, nach ëmmer vill Frënn a Bekannten hunn.

Et fillt een sech eben nëmmen einfach wuel do ënnen.

Fir dës flott Ambiance ze ënnersträichen, hu mer wéi all Joer d’Grafiker Lex & Pit Weyer beoptraagt, fir de Sujet vun eisem Kalenner ze illustréieren. Dir wäert gläich gesinn, dass dat hinnen och dëst Joer nees gutt gelongen ass. De Pit a Lex zielen no all deene Joren och schonn sécher zur Famill vun de Bréifdréier.

Ech soen also op dëser Plaz net nëmmen hinne Merci fir hir Aarbecht, mee och all deene Leit, déi ons wäerten hëllefen de Kalenner ënnert d’Leit ze bréngen.

Dat sinn un éischter Stell d’Bréifdréier aus Tri an Tournée, déi e verdeele wäerten.

An och haut soll een nach emol op all eis wäertvoll Postmataarbechter hiweisen, déi an de leschten zwee Joer vun der Sanitärkris eng phantastesch Aarbecht am Interessi vu Land, Bierger a POST geleescht hunn. 

Dofir vun der Bréifdréieschgewerkschaft nach emol e Merci fir déi gutt Aarbecht, a natierlech mengersäits e Merci un d’Kolleegen aus dem Comité, déi mir zënter mengen Accident vu viru 16 Méint vill hëllefen a mir domadder Aarbecht vun menge Schëlleren huelen.

E Merci och der Dréckerei Rekaprint vun Esch. Dankbar si mir fir d’ Ënnerstëtzung vum Här Strasser an der POST, déi bekanntlech wéi ëmmer d’Récksäit vum Kalenner gestalten, op deenen d’Leit déi néideg Informatiounen iwwert verschidde Postprodukter fannen. Dëst Joer sinn dat Informatiounen iwwer de clients-frëndleche Packup-System mat sengen 131 Statiounen, esou wéi iwwert déi interessant Tarifer vu Post Finance.

Et ass jo eng gutt al Traditioun, dass de Kalenner net nëmmen en dekorativen an informativen Zweck huet, mee och nëtzlech ass. Dofir suergt och de Kalendarium, mat deem ee sech kann orientéieren, wéini d’Schoulvakanzen an d’Feierdeeg sinn, wéini d’Joreszäite changéieren, an op deem d’Moundphasen, Summer- an d’Wanterzäit ugewise ginn.

Loss mer also all hoffen, dass d’Aktivitéite vun Esch2022 trotz der Pandemie ewell wäerten op eng méiglechst normal Art a Weis organiséiert kënne ginn, a net mussen ofgesot oder an den Internet verluecht ginn. 

Well et ass no dësen zwee Joer vun der sanitärer Kris wierklech wichteg, dass d’Leit sech an der reeller Welt kënnen begéinen. Och dat dréit zum Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft bäi, a ka vläicht och hëllefen déi Grief nees zou ze schëdden, déi duerch d’Kris an eiser bis elo dach ëmmer esou friddlecher Gesellschaft entstane sinn.

Déi exzeptionell Situatioun, an där mer de Moment liewen geet villen vun eis sécher ganz no, a mir hoffen, dass d’Politik op all déi rezent Evenementer richteg a mat Aemooss reagéiert fir d’Spaltung vun der Gesellschaft ze iwwerwannen. 

Ier ech Iech all op eng kleng Agape invitéieren, wéilt ech den éischte Kalenner un den Här Minister, den Här Generaldirekter, de Buergermeeschter vun Esch an un d’Madame Braun iwwerreechen.

Ech wollt dann awer och d’Postdirektesch Madame Stahl bieden, fir déi et leider déi lescht Kalennerpresentatioun wäert sinn déi si als aktive Postier materlieft fir haut och e puer Wuert iwwer de Bréifdréieschkalenner un Iech ze adresséieren. 

Vu Säite vun eiser Gewerkschaft adresséieren ech Iech di bescht Wënsch fir Är wuel verdéngten an hoffentlech laang undauernd Pensioun, och wann se no mengem Goût dach e bësse fréi kënnt.

Ech soen Iech Merci, wënschen Iech an Äre Familljen schéi Feierdeeg, a ginn d’Wuert dann un déi aner Riedner.

cf8aca16-d992-4e74-b1f7-6e8e8b20001b.JPG
Juchem%20Raymond-12_edited.png

             

E Message vum President

Léif Memberen a Lieser,

Als éischt wëll ech drop hiweisen, dass et fir mech eng grouss Éier ass ee vun de Presidenten vun der geschichtsträchteger Bréifdréieschgewerkschaft (virdrun FSFL a Bréifdréierverband) ze sinn. Dat war an ass fir mech nach ëmmer eng grouss Erausfuerderung. Mee eng Gewerkschaft ass net nëmmen e President, mee zeechent sech duerch eng staark Basis a gutt informéiert a charakterstaark Perséinlechkeeten aus, déi sech an der Gewerkschaftsaarbecht engagéiert hunn. Dat war an ass an eiser Gewerkschaft nach ëmmer de Fall gewiescht.

2002 war aus der FSFL bekanntlech d’Bréifdréieschgewerkschaft ginn. Dee Moment war d’Gewerkschaft, no der Finanzaffär, net nëmme finanziell um Nullpunkt ukomm. Duerch vill engagéiert Leit  hu mir et all zesummen dunn erëm fäerdeg bruecht eng Gewerkschaft mat staarke Strukturen opzebauen. Als dach éischter kleng Gewerkschaft hei a Lëtzebuerg hu mir et iwwer Joerzéngten trotzdeem ëmmer erëm fäerdeg bruecht, eise gewerkschaftleche Rôle ze garantéieren, dat duerch eng reegelméisseg Presenz an de Medien, an eis esou an der Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen ze etabléieren, mat der Konsequenz, dass eis Gewerkschaft dobaussen bekannt ass. Mir hunn eis mat eise Fuerderungen am Interêt vun eise Memberen dacks géint d’Patronat konnten duerchsetzen. Dat war an ass awer nach ëmmer kee Selbstleefer.

Mir sinn eng Gewerkschaft, déi eng staark Organisatioun a Struktur huet, an dowéinst iwwer all postalesch Problemer queesch duerch d‘Land ëmmer direkt informéiert ass. En Exekutivkomitee vun 11 Leit, 35 Delegéierter, verdeelt iwwer all Zentren a vereenzelt Servicer, an eng nach ëmmer wichteg Pensionéiertesektioun garantéieren dësen eenzegaartege Fonctionnement.

Virun eppes méi wei zéng Joer hu mir eis Gewerkschaftsdier fir d‘Salariéen op der Post opgemaach. Dat war am Nachhinein e wichtegen a richtege Schratt, deen d’Iwwerliewe vun eiser geschichtsträchteger Gewerkschaft schlussendlech op laang Siicht garantéiert huet. D’Gewerkschaftsvertrieder vun der BG sinn haut a quasi alle postalesche Gremie vertrueden. Och duerch eis vill Memberen hu mir et fäerdeg bruecht fir en besseren an direkte Kontakt zu de politeschen Parteien opzebauen.

Haut muss een als Gewerkschaft esou opgestallt sinn, well soss ass den Aktivitéitsradius staark ageschränkt. An enger Welt, déi ëmmer méi séier dréit, mat engem Management, dat dacks e rengt ekonomescht Denken huet, gëllt et och weiderhin onbedéngt d’Zukunft vun der BG ze garantéieren. Virun allem musse mir eis weiderhin fir d’Aarbechtsplazerhalung, d’Aarbechts- an d’Salaireskonditiounen asetzen. Natierlech wäert d’Digitaliséierung, déi en Impakt op eise Kärmétier, nämlech de Courrier huet, de Beruff an den Alldag vum Métier staark beaflossen.

D’Gewerkschaftsaarbecht ass an den haitegen Zäiten kee Cadeau. Leit ze fannen, déi sech dëser wichteger a verantwortungsvoller Aufgab unhuelen, gëtt ëmmer méi schwéier. An d’Zukunft vun de wichtege Gewerkschafte weiderhin ze garantéieren, gëtt och leider net méi einfach, well et eben schwéier ass Nowuess ze fannen, deen iergendwann an déi féierend Positiounen noréckele solle. D’Uspréch vun der Basis hu par Rapport zu fréieren Zäiten och changéiert, an déi fréier Stäerkt vun all Gewerkschaft, nämlech déi onageschränkte Solidaritéit vun der schaffender Basis zu der Gewerkschaft, huet leider staark nogelooss. Perséinlech Problemer a Fuerderungen stinn hautdesdaags wäit virun der Solidaritéit, an dat mécht de Gewerkschaften d‘Aarbecht vis-à-vis vun engem Management respektiv der Politik leider vill méi schwéier.

Aktuell si mir als Gewerkschaft gutt opgestallt, mee dat muss och an Zukunft weiderhin esou bleiwen. Mir sinn deemno op är Solidaritéit ugewisen, a natierlech op Fraen a Männer, déi sech fir d’Gewerkschaftsaarbecht interesséieren an engagéieren.

 

Vive eis Memberen, a vive eis Gewerkschaft!

Raymond JUCHEM

President

© 2021 by BG