top of page
Juchem%20Raymond-12_edited.png

             

E Message vum President

Léif Memberen a Lieser,

Als éischt wëll ech drop hiweisen, dass et fir mech eng grouss Éier ass ee vun de Presidenten vun der geschichtsträchteger Bréifdréieschgewerkschaft (virdrun FSFL a Bréifdréierverband) ze sinn. Dat war an ass fir mech nach ëmmer eng grouss Erausfuerderung. Mee eng Gewerkschaft ass net nëmmen e President, mee zeechent sech duerch eng staark Basis a gutt informéiert a charakterstaark Perséinlechkeeten aus, déi sech an der Gewerkschaftsaarbecht engagéiert hunn. Dat war an ass an eiser Gewerkschaft nach ëmmer de Fall gewiescht.

2002 war aus der FSFL bekanntlech d’Bréifdréieschgewerkschaft ginn. Dee Moment war d’Gewerkschaft, no der Finanzaffär, net nëmme finanziell um Nullpunkt ukomm. Duerch vill engagéiert Leit  hu mir et all zesummen dunn erëm fäerdeg bruecht eng Gewerkschaft mat staarke Strukturen opzebauen. Als dach éischter kleng Gewerkschaft hei a Lëtzebuerg hu mir et iwwer Joerzéngten trotzdeem ëmmer erëm fäerdeg bruecht, eise gewerkschaftleche Rôle ze garantéieren, dat duerch eng reegelméisseg Presenz an de Medien, an eis esou an der Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen ze etabléieren, mat der Konsequenz, dass eis Gewerkschaft dobaussen bekannt ass. Mir hunn eis mat eise Fuerderungen am Interêt vun eise Memberen dacks géint d’Patronat konnten duerchsetzen. Dat war an ass awer nach ëmmer kee Selbstleefer.

Mir sinn eng Gewerkschaft, déi eng staark Organisatioun a Struktur huet, an dowéinst iwwer all postalesch Problemer queesch duerch d‘Land ëmmer direkt informéiert ass. En Exekutivkomitee vun 11 Leit, 35 Delegéierter, verdeelt iwwer all Zentren a vereenzelt Servicer, an eng nach ëmmer wichteg Pensionéiertesektioun garantéieren dësen eenzegaartege Fonctionnement.

Virun eppes méi wei zéng Joer hu mir eis Gewerkschaftsdier fir d‘Salariéen op der Post opgemaach. Dat war am Nachhinein e wichtegen a richtege Schratt, deen d’Iwwerliewe vun eiser geschichtsträchteger Gewerkschaft schlussendlech op laang Siicht garantéiert huet. D’Gewerkschaftsvertrieder vun der BG sinn haut a quasi alle postalesche Gremie vertrueden. Och duerch eis vill Memberen hu mir et fäerdeg bruecht fir en besseren an direkte Kontakt zu de politeschen Parteien opzebauen.

Haut muss een als Gewerkschaft esou opgestallt sinn, well soss ass den Aktivitéitsradius staark ageschränkt. An enger Welt, déi ëmmer méi séier dréit, mat engem Management, dat dacks e rengt ekonomescht Denken huet, gëllt et och weiderhin onbedéngt d’Zukunft vun der BG ze garantéieren. Virun allem musse mir eis weiderhin fir d’Aarbechtsplazerhalung, d’Aarbechts- an d’Salaireskonditiounen asetzen. Natierlech wäert d’Digitaliséierung, déi en Impakt op eise Kärmétier, nämlech de Courrier huet, de Beruff an den Alldag vum Métier staark beaflossen.

D’Gewerkschaftsaarbecht ass an den haitegen Zäiten kee Cadeau. Leit ze fannen, déi sech dëser wichteger a verantwortungsvoller Aufgab unhuelen, gëtt ëmmer méi schwéier. An d’Zukunft vun de wichtege Gewerkschafte weiderhin ze garantéieren, gëtt och leider net méi einfach, well et eben schwéier ass Nowuess ze fannen, deen iergendwann an déi féierend Positiounen noréckele solle. D’Uspréch vun der Basis hu par Rapport zu fréieren Zäiten och changéiert, an déi fréier Stäerkt vun all Gewerkschaft, nämlech déi onageschränkte Solidaritéit vun der schaffender Basis zu der Gewerkschaft, huet leider staark nogelooss. Perséinlech Problemer a Fuerderungen stinn hautdesdaags wäit virun der Solidaritéit, an dat mécht de Gewerkschaften d‘Aarbecht vis-à-vis vun engem Management respektiv der Politik leider vill méi schwéier.

Aktuell si mir als Gewerkschaft gutt opgestallt, mee dat muss och an Zukunft weiderhin esou bleiwen. Mir sinn deemno op är Solidaritéit ugewisen, a natierlech op Fraen a Männer, déi sech fir d’Gewerkschaftsaarbecht interesséieren an engagéieren.

 

Vive eis Memberen, a vive eis Gewerkschaft!

Raymond JUCHEM

President

bottom of page