


Geschicht vun der Bréifdréieschgewerkschaft vun der Grënnung bis 2009
1909

1913
1914
1917
1918
1919
Grënnung vum „Briefträgerverband“
Attributioun vun engem Primm a Stierfkeess vun der Bréifdréier vir ausdroe vum Kammer Bericht
Schafung vun der Kanzlistenlaufbahn
Éischt Prouf Nummer vum „POSTHORN“
Fënnef Jores Fest
Ausbroch vum 1 Weltkrich
Bréifdréiesch Protest am Kanton Esch
Aféierung vun der Deierecht Zoulagen
Prinzipiell Aféierung vum aacht Stonnen Dag an der Sonndes Rou
Erëm Opbau vun der Organisatioun
Eischt 1 Mee Feier
Ophuele vun de Kolleegen aus der Telefons Karriär an de “Briefträgerverband”
Schafung enger berodender Kommissioun an der Postdirektioun
Gehälterverhandlung
Upassung vun de Gehälter un den Index
Ophuele vun den Telefons Aarbechter an den ëffentleche Statut
Bäitrëtt an de “Allgemeinen Staatsbeamtenvernband”
Gescheiter Fusioun vum “Briefträgerverband” an der “Eisenbahnerverband”
Ufank vun der Weltwirtschaftskris
1922
1924
1928

1933
1938
1939
Demissioun vum Comité wéinst der mëssgléckte Gehälterrevisioun
Nei Statuten a Aféierung vun de Sozial Wierker souwéi och enger Onfallversécherung
Neie Comité verlaangt Gläichbehandlung vun de Gehälter an den ënneschte Karriär
Aféierunge vum Titel “Facteur en chef” no 30 Déngschtjoer
Grënnung vun der “Fédération des Postiers”
Naziokkupatioun
Nei Ufank
Ausbau vun de Sozial Wierker. Vun elo un kréine Membere vun der Gewerkschaft een Deel vun den Onkäschte rembourséiert den net vun der Krankekeess iwwerholl geet. Sozial Wierker ginn zum Deel duerch de Verkaf vun de Louse vun der National Lotterie duerch de Bréifdréier finanzéiert
1940
1945

1951
1952
1956
1957
1959
Gehälterrevisioun mat der Berécksiichtegung vun de Fuerderunge vun de Bréifdréier
Titelsäit vun der éischter Ausgab vum “Posthorn”: Gewerkschaft éiert Groussherzogin Charlotte
Bäitrëtt a “Entente” vun den ënneschte Karriär am ëffentleche Statut
44 Stonnewoch bei der Post
Nei Ufank vun der berodender Kommissioun bei der Post Direktioun
50 Jores Feier vun der Gewerkschaft
Grënnung vu “Groupement des Postiers”
Protest Piquet vun de Bréifdréier am Kino “Eldorado” wéinst de Gehälter
Gehälter Gläichstellung an den Ufanks Karriär
Onzefriddenheet bäi de Relais Virgesetzten
Aféierung vun der ”prime d’astreint”
Europakonferenz vun der IPPT a Lëtzebuerg
Schafung vun der Staatsbeamte Kummer
De Grad “Facteur aux écritures principal” geet agefouert
Aféierung vun der 42 Stonnen- an uschléissend der 40 Stonnewoch
Ernennung vun eisem Gewerkschaftspresident zum éischte Vertrieder vun der “Allgemeinen Staatsbeamtenverbandes” am Wiertschaft a Sozialrot
Ausbau vun der Expeditionnaire Karriär
Europakonferenz vun de PTT-Gewerkschaften zu Hesper
Wal vun eisem President Kayser Albert zum éischte President vun der CGFP
1962
1963
1964
1965
1966
1967

1970

1971
1972
1973
1974
1977
1978
1979
Opwäertung vum Relais Virgesetzten duerch Aféierung vum Grad “Agent Facteur de Relais principal”
Grouss Demonstratioun am ëffentlechen Déngscht, ugefouert vun de Bréifdréier an den Eisebunner
Referendum am bäi sin vun eng Huissier, vir d’ Aarbechtsnidderleeung. 580 Jo- bei 33 Nee- Stëmmen a 2 Enthalungen.
Unhiewe vun den Ufanksgehälter
Eng Nei Bréifdréier Uniform
Attributioun vun enger Spezial Primm vir de ganze Bréifdréier Karriär
Virbereedung vir ee Bréifdréier Streik
Erhéijung vun der Spezial Primm
Ausschaffe vun neien Aufgabe vir Bréifdréier a Relais Agenten
Ausbau vun der Expeditionnaire Karriär
Streik Menacë vun de Bréifdréier vir ee verbessert Matsproocherecht bei der POST
Mediatioun Kommissioun geet agesat
De Post Minister verlaangt eng besser zesummen Aarbecht vir all Post Gewerkschaften
Verbesserungen am der Prüfung- a an der Disziplinaresch Kommissioun (Bedeelegung vum Personal)
De Post Minister ënnerstëtzt een erofsetze vum Pensiounsalter bei de Bréifdréier an eng Gehaltsupassung mat der vergläichbarer Grupp vun der Douanes
Ernennung vu Gewerkschaftsvertrieder an der Examenskommissioun
Wirtschafts Kriss spëtzt sech zou
De Post Minister geet dem Postdirekter ee Verwaltungsrot
Parlament stëmmt ee Gesetz vir Bekämpfe vun der Wirtschaftskris
Déi versprache Gehälterrevisioun geet vun der Regierung ofgesot, schwätzt sech vir upasse vun den Härtefäll aus
Gewerkschaft feiert 75ten Jubiläum
Austrëtt aus der CGFP
Memorandum vun der FSFL un Chamber (Fédération Syndicalisté des Facteurs Luxembourgeois)
Entrevue mat Regierungsmembere vir déi Gewerkschaftlech Fuerderungen ze erklären, woubäi Personalmangel, Iwwerbelaaschtung an Prepensioun vun Bréifdréier mat 57 Joer an 20 Joer Aussendéngscht, de Schicht a Nuetsdéngschter stoungen am Mëttelpunkt.
Aleedung vun der Streikprozedur
Asetze vun enger Mediatioun
Verhandlunge mam Generaldirekter, bis eenzele Betribsinternen Ugeleeënheete kann ee Konsens fonnt ginn, et ka keng Léisunge fonnt gi wat doriwwer eraus gëtt (e.a. Numerus clausus bai den Astellungen)
Vizepresident vum Staatsrot geet als Vermëttler designéiert.
Verhandlunge scheiteren
Streik Ukënnegung
1980
1981
1982
1983
1984
1985
1987

1988
1989
1990

1992
1993
1997
1999
Zwou Woche Bréifdréier Streik vum 19 bis den 30 Mäerz
“du jamais vu depuis la guerre”, wéi de deemolege Generaldirekter E. Toussing et spéider ausdréckt
Nom Streik erkläert sech Regierung bereet den Effectif vun de Bréifdréier temporär mat Arméisrekrutten opzestocken, andeem wou Si déi lescht 6 Méint vun hire Militär Ausbildung am Déngscht vun der Post sinn
Ausschaffe vun enger Etüd iwwert déi Sozial Roll vum Bréifdréier
De FSFL geet hiren Akkord vir astelle vu “Employés-facteurs” ausserhalb vum Militärdéngscht, vir déi Vakant Posten ze besetzen
Post Reform vum 10 August 1992 gesäit eng Ëmwandlung vun der Post Verwaltung an eng autonom funktionéiert P&T Entreprise, mam Staat als eenzegen Aktionär vir
Duerch dëst Gesetz trëtt de Staat déi reservéiert Déngschter vum de Beräicher Post, Telekom a Postscheck un Entreprise of
Domadder geet aus der Post Verwaltung en ëffentleche Betrib
D´Post feiert 150 Joer bestoen
Bedeelegung vun der FSFL un eng grousser europäescher Manifestatioun vum EGB, wéinst dem EU-Beschäftigungs Gipfel vum 20 November a Lëtzebuerg
De FSFL feiert 90ten Jubiläum vun der Gewerkschaftsbeweegung vun de Bréifdréier
Statutenännerung vir ophuele vu Post Agenten déi net an der Bréifdréiesch Karriär sinn
An der Chamber geet Gesetz iwwert Liberaliséierung vun de Post- a Finanz Déngschter vun der EU-Direktiv gestemmt
Bei dësem éischten Ugrëff op de Post Monopol kritt P&T de Bréif Monopol vir Bréiwer bis 350g zougesprach.
FSFL protestéiert, mat engem symbolesche Begriefnis wéinst dem zoumaache vum Postbüro zou Kautebaach aus Rentabilitéitsgrënn.
Gewerkschaft wiert sech géint Aféiere vu Postshops. d.h. géint auslagere vu Postservicer op Tankstellen an Epicerien
Mat enger Campagne an de Gemeng an enger Stroossenaktioun geet op Riske vun der Privatiséierung an dem ausverkaaft vum Post Geheimnis opmierksam gemaach
Gesetz vum 15 Dezember iwwert post Déngschtleeschtungen an den Universaldéngscht
Op den 1 Januar gëtt P&T Entreprise vum Regulateur aus dem Finanzsecteur iwwerwaacht
De laangjärege FSFL- President Jos Nickts geet wéinst dem verontreie vu Mëttelen aus dem Spuerfong vun de Membere verhaft a spéider zou eng Prisongs- an enger héijer Geldstrofe verurteelt
Ee provisoresche Comité iwwerhëlt, an der schlëmmster Zäit an der Geschicht vun der Gewerkschaft, déi lafend Geschäfter, setzt de President of a schléisst een aus der Gewerkschaft aus.
De FSFL geet op Beschloss vun engem Ausseruerdentleche Kongress opgeléist. Ee Curateur geet agesat vir déi verbleiwe Gelder ze verwalten a Verhandlunge mat de Banke vir déi geschiedegt Memberen ze entschiedegen
Grënnung vun der “Bréifdréieschgewerkschaft asbl” an den erëm antrëtt bei der CGFP an dem Syndicat des P&T
"Luxemburger Wort" kommentéiert déi erfollegräich Neiopstellung vun der Gewerkschaft mat de Wieder “Wie Phönix aus der Asche”
Bréifdréier kréinen eng nei Uniform
Eng Testphase vir de sougenannte “Concept de Gestion par équipe” suerg vir grouss Onrou op de Büroen, well hei Titulairen an Ersatz Bréifdréier zousätzlech Belaascht ginn.
Gewerkschaft leent de Reformpak of
De Telekom's Gesetz vum 30 Mee 2005 gesäit vir dass P&T Entreprise Mobilfunklizenz kritt
Opléisung vum NLB (neutrale Lëtzebuerger Breifdréierbond) a Bäitrëtt vun hire Memberen an Bréifdréieschgewerkschaft
Protestpiquet den 29 November wärend der offizieller Aweiung vum neie Sortéier Zënter vun der Post zu Beetebuerg vir besser Aarbechtskonditiounen
Bréifdréieschgewerkschaft schreift all Gemengepappen, Schëffen a Gemengeréit aus dem Land un, vir Si iwwert Plang vun der Post, zou de Schléissunge vu 66 vun den 105 Postbüroen hinzeweisen.
Dëst Schreiwe bewierkt, dass sech vill Gemenge Politiker Gedanke maachen an sech vir een erhale vun hire vollwäertege Postbüro an hire Gemeng ausschwätzen an sech géint ersetzen duerch Postshops an den Tankstellen oder Epicerië wieren.
Gemeng vu Rammerech bréngt esouguer eng Petitioun an Chamber vir erhale vun hirem Büro an der Gemeng.
Bréifdréieschgewerkschaft ass erëm duerch hire President am Verwaltungsrot vun der P&T vertrueden
Déi drëtt Richtlinn vir eng komplette Liberaliséierung vun de Postservicer, och vir Bréiwer ënner 50 Gramm, geet vum Europaparlament an dem Ministerrot guttgeheescht
Lëtzebuerg kritt eng Derogatioun bis 2013
Ufank vun der Finanz- an der Wirtschaftskris
Deelhuelen un der Groussdemonstratioun vum ëffentlechen a privat Sektor de 16 Mee géint all Sozialofbau an der kriss
Gewerkschaft feiert 100 Joer
2000
2001
2002

2005
2006
2007
2008

2009